Eldoradio Events
Agenda24

Trio Aurora

Redange-Sur-Attert - Café-Concert, Café-Théâtre "Inouï"
8. Mäerz 2013, 20h00
Entrée: 20 €
TRIO AURORA – eng ganz speziell Mëschung... Wee si mir...? ... dräi Museker mat ganz ënnerschiddleche Formatiounen, déi zesummen en zimlech “spezielle” Grupp bilden. Eis Inspiratioun ass déi wonnerschéi Faarwemëschung vum Sonnenopgang, an dofir nenne mir eis zënter 2007 den TRIO AURORA. Eist Haaptziel ass et, sou vill wéi méiglech no interessante Klangfaarwen ze sichen. Dofir versiche mir op eise Concerten oder aner Optrëtter ëmmer, Instrumenter vu ganz verschiddene Famillen ze kombinéieren (Klarinett, Bassklarinett, Euphonium, Piano, Keyboard, Percussioun...), mir schloen eisem Publikum eng Rees vir duerch déi ënnerschiddlechst Stiler a probéieren dobäi zesummen an eng musikalesch Welt anzetauchen, an der sämtlech Gefiller erlaabt sinn: Eescht, Freed, Trauregkeet, Humor... eng Welt an der jiddereen sech kann erëmfannen...

Wou

67, Grand Rue
L-8510 Redange-Sur-Attert
Letzebuerg

+352 266 202 32
inoui@pt.lu

Genres:

  • Concert

Audiences:

  • Jugentlecher
  • Erwuessener
  • Senioren