Eldoradio Events
Agenda24

Orpheus an der Ënnerwelt

Mamer - Centre Culturel "Kinneksbond"
8. Mäerz 2013, 20h00
Entrée: 20 €
D’OPÉRA du TROTTOIR a.s.b.l. präsentéiert an Zesummenaarbecht mam Ministère de la Culture, dem Jacques Offenbach seng meeschtgespillten Operett “ORPHEUS an der ËNNERWELT“. Eng humorvoll Iwwersetzung an d’Lëtzebuergescht an eng sprétzeg Inszeenéierung vun Hartmann & Hoffmann.

Dir gidd Zeien, wann de Gott Pluto (der Deiwel a Persoun) versicht dat baufällegt Bestiednis vum Geieprofesser Orpheus ze ruinéieren, andeems en séng Fra Euridike an d’Ënnerwelt entféiert. Zum Gléck kënnt déi dynamesch Journalistin vun der Émissioun “Den Nool ouni Kapp“ op déi göttlech Iddi, d’Euridike beim Chef vum Olymp, dem Jupiter héchstperséinlech zréckzefroen. Deen huet awer mëttlerweil selwer Appetit op déi bestuete Fra kritt a beschléisst eng Inspectioun an der Ënnerwelt ze machen. Well an der Hell ëmmer eppes lass ass, geet dee ganzen “olympesche Comité“ mat an den Hades. Matzen am Hallygally versicht de Jupiter - als Méck verkleet - sech un d’Euridike erun ze maachen, mat fatale Konsequenzen.....

Eng lëtzebuerger Starbesetzung: Fernand Delosch /Serge Schonckert (als Deiwel), de Carlo Hartmann (als Jupiter), d’Yannchen Hoffmann (als Opinion Publique), d’Gaby Wolter (als Euridike), Marc Dostert (als Orpheus) souwéi Annette Schlechter, Al Ginter, Marcel Heintz, Mady Weber a.v. anerer. Chouer a Komparserie vun der Opéra du Trottoir. Dee berühmte Cancan mat den Dänzerinnen vum Li Marteling. D’ Musék gouf extra fir d’Opéra du Trottoir live agespillt vum Latvian Philharmonic Chamber Orchestra vu RIGA, musikalesch Leedung: Carlo Jans . Sound-Design: Marco Battistella. Kostümer: Yannchen Hoffmann . Gesamtleedung: Carlo Hartmann.

Wou

42, route d’Arlon
L-8210 Mamer
Letzebuerg


ticketlu@pt.lu

Genres:

  • Spektakel
  • Theater

Audiences:

  • Jugentlecher
  • Erwuessener
  • Senioren